Documentary | 82 min | Original version : Luxembourgish
D'50er Jore sinn e konservativt Joerzéngt. Et genéisst een d’Liewen nees, mee de Krich ramouert nach an de Leit hire Käpp an d’Kierch steet ëmmer nach matzen am Duerf. Ee véirel vun der aktiver Populatioun schafft op der schmelz. Dat neit Europa, de “kale Krich”, amerikanesch a russesch Rakéiten a sputniken, Radio an Télé Luxembourg, de Prënz Jean a seng belsch Prinzessin, de Charly Gaul an den Tour de France, de Josy Barthel an eis éischt (an eenzeg!) olympesch Goldmedaille an dee gudden ale Rock’n Roll sinn alles Themen, déi den Andy Bausch a sengem flotten Documentaire opschafft, deen iwwert 10.000 Leit sech zu Lëtzebuerg am Kino ugekuckt hunn.